Bulimie bei Kanner a Jugendlechen
Am Kader vun enger Table Ronde gëtt d’Thema vun der Bulimie ënnert verschiddenen Aspekter beliicht: Wéi en Impakt huet se op d’Gesondheet vun de betraffene Leit? Wéi fannen déi Leit Hëllef? A wéi gi mir als Gesellschaft mat deenen ëm, déi Hëllef brauchen?
D’Table Ronde riicht sech primär u jonk Persounen, mee jiddereen ass wëllkomm! Als Intervenant begréisse mir d’Madamm Renée Reding, Autorin vum Buch Zum Kotzen schön.
Gratis Entrée