Éischt Hëllef fir Senioren

Éischt Hëllef fir Senioren

D’Gemeng Käl an d’Seniorekommissioun invitéieren iech häerzlech op eng Informationsronn zum Theema Éischt Hëllef. En Häerzstëllstand oder en Hireschlag – mat deene richtege Gesten a Reaktiounen ka jiddereen am Noutfall Liewe retten. D’Mme Diane Mersch (CGDIS, Centermed) erkläert, wéi ee sech an dëse Situatioune richteg verhält a gëtt alle Participanten hëllefräich Rotschléi mat op de Wee.

Um Uschloss un d’Presentatioun offréiert d’Seniorekommissioun bei engem Patt d’Geleeënheet, sech ënnerteneen a mat den Organisatoren auszetauschen.

La commune de Kayl, en collaboration avec la commission des seniors, a le plaisir de vous inviter à une séance d’information consacrée au sujet du premier secours. Arrêt cardiaque, AVC – en cas d’urgence, les bonnes réactions et interventions peuvent sauver des vies. Mme Diane Mersch (CGDIS, Centermed) explique comment se comporter correctement dans une situation d’urgence et donne à tous les participants des conseils importants à suivre.

À l’issue de la présentation, la commission des seniors vous offre un verre d’amitié et la possibilité de discuter sur la thématique dans une ambiance conviviale.

L'événement est terminé.

Date

Oct 08 2025
Expiré!

Heure

15:00 - 17:00

Lieu

Schungfabrik

Comments are closed.