Groussen Theater fir kleng Aen 2026
Samschden, den 17. Oktober 2026
Salle des Fêtes 1 – 30 Minutten – ab 3 Joer (LU)
„RUMMS! D’Bett wackelt – an op eemol steet d’Muffelmonster am Zëmmer!“
„Kanns du mech gesinn?“ – „Jo!“
Eng lëschteg, musikalesch Geschicht iwwer Frëndschaft, schlecht Laun a wéi ee se erëm gutt mécht.
Produktioun: Jugendensembel Käldall

Salle des Fêtes 2 – 45 Minutten – ab 3 Joer (LU & FR)
An dëser Geschicht reese mir mat Hëllef vun engem magesche Schlëssel an eng imaginär Welt bei d’Susi, eng Handpopp. D’Susi ass e klengt Meedchen, wat nach ni am Liewen e richtege Reebou gesinn huet. Kanns du dem Susi hëllefen e richtege Reebou entstoen ze loossen? D’Geschichtenerzielerin LISIDISI (Diane Catani) hëlt de jonke Publikum mat an eng Welt, wou d’Gefiller an d’Wieder op der Kopp stinn. D’Kanner léieren, wéi wichteg et ass, déi verschidde mënschlech Gefiller zouzeloossen.
Produktion: Geschicht mam Lisidisi (Diane Catani), Zeenografie: Enrique Díaz

Salle Schortgen – 70 Minuten – ab 5 Jahren (DE)
Emil darf zum ersten Mal in den Sommerferien allein zu seiner Großmutter, Tante Martha und Cousine Pony Hütchen nach Berlin fahren. Für die Großmutter gibt ihm seine Mutter 1200.- Euro mit. Im Zug trifft er auf Herrn Grundeis, der sich sehr freundlich gibt, aber als Emil einschläft das Geld aus seinem Anzug stiehlt.
Es beginnt eine große Verfolgungsjagd durch Berlin bei der Emil Hilfe von Gustav mit der Hupe, Pony Hütchen und Hermann alias Professor bekommt. Am Ende überführen die kleinen Detektive den Dieb und nicht nur eine hohe Belohnung kann Emil seiner Mutter mit nach Hause bringen, sondern er hat auch viele neue Freunde gewonnen.
Produktion: Kleine Oper Bad Homburg

Sonnden, den 18. Oktober 2026
Salle des Fêtes 1 – 45 Minutten – ab 4 Joer (LU)
Glittergirl ass e pluridisziplinäärt Theaterstéck baséiert op d’Stäremënze vun de Gebridder Grimm. Dat jonkt Milly fënnt verschidden interessant Objeten am Bësch, mee hatt hëlt se net fir sech eleng mee deelt se oder gëtt se u Leit weider déi se villäicht méi brauchen ewéi hatt.
Hatt hëlleft dem léiwe Fränz deen Honger huet a keen Doheem méi huet mee hatt muss oppassen dass dat strengt Ginette et net mierkt. Befanne mir eis an dem Milly senger Dramwelt oder ginn et déi Personnagë wierklech?
Kleng a Grouss kennen d’Milly op senger fantastescher Rees begleeden. D’Milly weist eis dass et wichteg ass empathesch ze sinn a Matgefill ze hunn an eiser hautdesdaags echbezunner Gesellschaft an dass een d’Kanner soll dreeme lossen.
Produktioun: Finestra Kollektiv, Nuit de la culture Esch avec l’aide de la Fondation Indépendance BIL, la Bourse Aide à la Création et le Ministère de la Culture
Mise en scène: Timothy Lone
Performance: Gianfranco Celestino, Mara Daro, Elena Spautz a Chantal Kirsch
Musek: Chantal Kirsch
Kostümer: Sophie Meyer
Foto: Liv Pjetra

Salle des Fêtes 2 – 45 Minutten – ab 3 Joer (LU & FR)
Zwou Waasserdrëpse begéinen sech am Mier a maachen eng Course. Op eemol verdonsten si a verstinn net, wat geschitt ass. Duerch de Wand gi si ëmmer nees ausernee gedriwwen. Op hirer Rees verwandele si sech an Donst, Reen, Schnéi an Äis. Fannen déi zwou Waasserdrëpsen erëm zesummen?
D’Geschichtenerzielerin LISIDISI (Diane Catani) léisst d’Kanner un dëser interaktiver Geschicht aktiv deelhuelen. De jonke Publikum léiert esou de Kreeslaf vum Waasser, op eng spannend a witzeg Aart a Weis, kennen.
Produktioun: Geschicht mam Lisidisi (Diane Catani), Zeenografie: Enrique Díaz

Salle Schortgen – 70 Minuten – ab 5 Jahren (DE)
Das Familien-Musical „Hänsel und Gretel” der Kleinen Oper Bad Homburg ist eine kindgerechte Bearbeitung der klassischen Märchenoper von Engelbert Humperdinck und Adelheid Wette.
Die Geschichte, die erzählt wird, ist ganz einfach und fast genau das Märchen der Brüder Grimm.
Die Eltern in Humperdinck’s Märchenoper sind aber freundlicher als die im Originalmärchen. Berühmte Volkslieder, wie: “Suse, liebe Suse…“ und “Brüderchen komm tanz mit mir…“ wurden hineinkomponiert und sind vielen großen und kleinen Zuschauern sehr bekannt. Die böse Hexe lockt die Kinder selbst zum Hexenhaus und dann geht’s turbulent zu. Natürlich gibt es zum Schluss ein Happy-End. Der Vater findet seine Kinder heil wieder und Hänsel einen…. – aber nein, mehr wird an dieser Stelle nicht verraten.
Produktion: Kleine Oper Bad Homburg

evenementiel@kayl.lu
56 66 66-391 / 56 66 66-393

