fbpx

Cabaret « Fréier wor alles »

Cabaret « Fréier wor alles »

Eng satiresch Chronik vun de 60er Jore bis haut, vun a mam Jhemp Hoscheit a Jules Arpetti

Dës kabarettistesch Liesung ass e witzegen, ofwiesslungsräischen zäithistoresche Réckbléck vun de 60er Jore bis haut.

Vum Analoge bis zum Digitalen:
Vum Schlappekino bis zum Netflix, vum Haustelefon bis zum iPhone, vun der Musekkassett bis zum Streaming, vum Thé Dansant bis zur Technoparty, vu Bonanza bis zum Game of Thrones.
Vergaangenes gëtt awer net nëmme just opgewiermt, mee kritesch hannerfrot a mat Aktuellem opgekacht. Et ass eng generatiouneniwwergräiffend Zäitrees a jidderee ka sech op seng Manéier dran erëmerkennen, am witzegen Hin a Hier tëschent Annudazumal an dem Zäitgeescht vun haut. De Jhemp Hoscheit trëtt am Rollespill mam Museker a Gittarist Jules Arpetti op, deen net nëmme kabarettisteschen Textinterpret ass, mee och mat de passende Songen an Oldies fir déi zousätzlech musikalesch Ambiance suergt.

Ticketen an der Oweskeess oder iwwert ckoehnen@pt.lu

Event-Beschreiwung verfaasst vum Organisateur.

L'événement est terminé.

Date

Sep 29 2023
Expiré!

Heure

19:00 - 21:00

Tarif

15.00€

Lieu

Schungfabrik

Organisateur

Soroptimist Club Esch

Comments are closed.