fbpx

Cabaret KMK

Cabaret KMK

Wann e Salamander mat dem Feier spillt

Litteraresch hëtzeg. Musikalesch sprëtzeg.

Den neie Programm mam Ensemble KMK – Eng Produktioun Arthesis

Mam Véronique Kinnen, Mars Klein, Sabine Rossbach, Martina Roth an Rudi Schubert (Musék).

D’Texter vun däitschen Auteuren a vum Mars Klein selwer gi gespillt op Lëtzebuergesch an Däitsch. De Spektakel dauert 2 x 40 Minutten.

1. Deel
An engem Bistrot sëtzt owes e läschte Gaascht: en eeleren Här, dee vum Pianist u séng fréier Zäit als Solo-Kabarettist erënnert gëtt.
Zwou Frëndinnen, räichlech gutt gelaunt, kommen an de Café a behaapten, si wären déi richteg „fir deemnächst mat op d’Bühn“. Elauter Saachen iwwer Déieren wëllen se spillen.
Den Här léisst sech op hir Offer an. An da „prouwen“ se zu hirer véier en improviséierte Programm. Si amuséiren sech déck ënner sech, fir den Owend löschteg-witzeg ëmzekréien.

2. Deel
Mer sinn nët méi am Café. Den Toun ass elo satiresch. Mer sinn am Cabaret.
Dräi grouss Sujetën ginn ugepaakt:
– dat schlecht Lëtzebuergesch, dat vill Lëtzebuerger schwätzen;
– d’Grënnung vun enger Partei, déi d’Republik wëllt aféieren;
– den Tourist, deen affrontéiert-klengkaréiert méngt, d’Welt wär do fir säi bëllegen Amusement.
Wäit ewech vu bëlleger Comedy oder populisteschem Beschass steet KMK fir Kalitéit vum Text a Kalitéit vum Chanson. Wuertspillerei a satiresch Kritik wiësselen sech och am neie Programm of, deen am éischten Deel e witzeg-wëlle Bestiarium weist, an am zweeten de Mënsch ënner d’Lupp hëlt an eng Rei Bëssegkeeten iwer Lëtzebuerg auspaakt. Mam Véronique Kinnen a Sabine Rossbach huet de Mars Klein exzellent Schauspillerinnen a Sängerinnen niewt sech, a mam Rudi Schubert e kreative Komponist um Piano.

Ticket-Regional

Luxembourg-Ticket

L'événement est terminé.

Date

Fév 26 2020
Expiré!

Heure

20:00

Tarif

15.- €

Organisateur

Schungfabrik
Téléphone
+352 56 66 66 390
Email
culture@kayl.lu

Comments are closed.