fbpx

Et wor de Léiweckelchen

Et wor de Léiweckelchen

Dieren ginn op um 15:00

D’Mumm Séiss an den Hexemeeschter, wie kennt se net? Oder deen ongléckleche Kanonéier, deen d’Première 1856 emol net méi mat erliewe konnt… Iwwerlieft hu just d’Ketty an de Péiter, mee grad un déi zwee erënnert sech kee Mënsch méi.

Abee, d’Yannchen an de Carlo krute vum Dicks perséinlech* den Optrag e lëschtegt Theaterstéck mat Musek a Gesank ze schreiwen.

Wat koum derbäi eraus (well datt Geséngs wor ni Hiert a mat der Musek stoungen se och ëmmer op Krichsfouss…):

En Trauerspill, zwee Akte laang…

Et spillen Marcel Heintz, Yannchen Hoffmann a Carlo Hartmann.

Op der Uergel Louis Specogna.

*Well déi zwee si mëttlerweil schonn esou al, datt se den Dicks op en Hoer nach perséinlech hätte kënne kennen … oder kenne kënnen?

L'événement est terminé.

Date

Oct 01 2023
Expiré!

Heure

16:00

Tarif

10.00€

Plus d'Infos

Tickets

Lieu

Salle Schortgen Schungfabrik

Comments are closed.