fbpx

Fir Laachen, dréckt 3

Fir Laachen, dréckt 3

Description fournie par Tri2pattes :

Bei Geleeënheet vun hirem 10te Gebuertsdag presentéiert Tri2pattes elo ee besonneschen Jubiläums-Comedy-Programm.

Een Alldag ouni Laachen, dat misst verbuede sinn! An awer ass Laachen fir muncheree keng Selbstverständlechkeet! Mir stressen eis, si flemmseg a genervt, granzen, ginn heiansdo richteg rosen, obwuel dat eis meeschtens och net wierklech weiderbréngt! Dobäi, wa mir eis selwer net ëmmer sou eescht géifen huelen, da kéinte mir vläicht souguer iwwert eisen eegenen Eefalt laachen! A genee mat déier Astellung géif de Bléck an de Spigel fir munchereen ënner Ëmstänn ganz nei Perspektiven erginn!

Och an dësem neie Comedy-Programm vun Tri2Pattes ass genee dat de Leitmotiv, an amfong déi wichtegst Inspiratiounsquell, an dat fir eng Hellewull vu lëschtege Sketcher, Lidder, Dänz, Pantomim a Clownerie. E Moment prall gefëllt mat gudder Laun, dat steet hei um Menü. Och Laachen ass hei eng Optioun, vläicht souguer fir déi, déi dodran zimmlech zéi sinn! Traut Iech, kommt kucken an iwwerzeegt Iech selwer.

www.tri2pattes.lu

L'événement est terminé.

Date

Fév 24 2024
Expiré!

Heure

20:00

Tarif

15.00€

Lieu

Schungfabrik

Comments are closed.