fbpx

Concert « Aarbechtslidder »

Concert « Aarbechtslidder »

Gespillt ginn ënner anerem: Lëtzebuerger Aarbechterlidd vum Spoo, Lëtzebuerger International, Den Äerzmann vum Goergen, De Minettsbrecher vum Hurst, Walert vum Josy Braun, Biergmann Gléck zou, Den Arbechtsmann vum Goergen, Arbechterlidd vum Welter.

Georges Urwald

De Georges Urwald ass Museker, Komponist/Arrangeur a Professer fir éducation musicale am Iechternacher Kolléisch an deel-détachéiert an de Museksdepartement vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (Cedom), fir deen hien d’didaktesch Hefter zum Thema Lëtzebuerger Kultur De Litty fir Grondschoulen a Lycéeë redigéiert an erausbréngt.

Hie musizéiert, komponéiert an arrangéiert Genre iwwergräifend fir ënnerschiddlechst, grouss a kleng Besetzungen.

Studéiert huet hien zu Köln op der Staatlichen Musikhochschule Schulmusik mam Haaptfach Kierchenuergel an Jazzinstrumentalpädagogik mam Haaptfach Jazzpiano.
Zu Gréiwemaacher féiert hie säit 2008 de Privattheater fir Lëtzebuerger Klengkonscht, de Stued Theater.

Jean Bermes

Déi Lëtzebuerger Bass-Baritonstëmm Jean Bermes huet op der Universitéit Mozarteum Salzburg an am Conservatorium van Amsterdam Gesang an Dirigéiere geléiert. Fir seng Studien ofzeschléissen, huet hien en Doktorat am Operngesang am flämeschen Opernstudio zu Gent (Belsch) gemaach.

Seng Passioun läit doranner, a Musek-Theater-Shows, esou wéi an edukativ Museks-Projete fir jonk Audienzen opzetrieden an dës mat ze developpéieren.

L'événement est terminé.

Date

Avr 30 2022
Expiré!

Heure

20:15 - 23:00

Tarif

Entrée gratuite

Lieu

Schungfabrik

Organisateur

MUAR
MUAR
Email
hello@muar.lu
Site Web
http://www.muar.lu

Laisser un commentaire