fbpx

Keen Doheem

Keen Doheem

Neie Comedy-Programm vun Tri2Pattes

Do wou eng Zäitche keen doheem ass, sinn d’Mais op emol Här a Meeschter. A bekannterweis verkommen net nëmme d’Gebaier, wa se net bewunnt sinn! Och mir komme séier op den Hond, iwwerall do wou mir d’Kontroll verléieren. Wat sinn dat dach fir skurril Situatiounen, déi mir am Alldag erliewen, wann déi neuronal Schaltzentral duerch iergendeppes ausser Betrib geréit.

A genee aus esou Beobachtungen a perséinlechen Erfarungen eraus huet Tri2Pattes erëm ee fonkelneien Comedy-Programm zesumme gesponnen (elo ëmmerhi schonn déi 3. Editioun!).
Dobäi bleiwen si sech ganz trei mat ganz eegene Mix vu Sketcher, Standup, Clownerie, Musek a villem méi.

Also eng ‘Affaire à suivre’! An een eendeitegen ‘Avis aux amateurs du rire’!

Et sief hei ënnerstrach, datt « Tri2Pattes » de Benefiss vun hirer Tournée och des Kéier erëm integral un d’Associatioun ‘EBS Luxembourg’ spent, fir domadder de Bau vu Schoulen an défavoriséierte Géigenden vum Senegal ze ënnerstëtzen!

Ticket Regional

Luxembourg-Ticket

L'événement est terminé.

Date

Mar 01 2020
Expiré!

Heure

17:00

Tarif

15.- €

Organisateur

Schungfabrik
Téléphone
+352 56 66 66 390
Email
culture@kayl.lu

Laisser un commentaire